top of page
DSC_0106.jpg
Wëllkomm: Willkommen

SCHÉIN DASS DU DO BAS

Namasté, ech sinn d'Carmen ...

Aus iergendengem Grond hues du meng Säit fonnt. Villäicht hudd dat eng gewëssen Bedeitung oder villäicht sollen eis Weeër sech kräizen. Ech gleewen un Zeechen. Ech sinn mer secher alles fënnt seng Zäit.

2016 hunn ech an Portugal un engem Yoga Retreat deel geholl. Noh der éischter Stonn war et kloer dass dat genau deen Beräich ass, dee mir a mengem Liewen gefeelt huet. 2017 hunn ech an der "Lord Vishnus Couch" meng Vinyasa Yoga Formatioun gemaach a mech Hals iwwer Kapp an de Yoga verléift. Post a Pré Natal Yoga hunn mech faszinéiert an och do hunn ech mech weidergebilt. Ech léieren mech nei kënnen, spieren mäin Kierper an fillen mech immens verbonne. 


Zréck zu Lëtzebuerg maachen ech meng éischt Erfarung als Yoga Teacher. Spannend, nei a wonnerschéin. Vir meng Praxis ze vervollstännegen huelen ech un enger Formatioun an der Meditationslehre deel. Lues a lues fannen ech mäin Wee a ginn ganz intuitiv u meng Stonnen erun. Ech verlossen mech op mäin Bauchgefill an fannen esou eng Verbindung zu den Mënschen déi mir iwwert de Wee lafen.

Wëllkomm: Über mich
Wëllkomm: Bewertungen

Lokah Samastah Sukhino Bhavantu

Mögen alle Menschen und Lebewesen auf dieser Welt glücklich und frei sein. Mögen alle meine Worte, Taten und Gedanken zu diesem Glück und zu dieser Freiheit beitragen.

Wëllkomm: Instagram
  • Facebook
  • Twitter
  • LinkedIn
bottom of page